• Home /

  • Stécker /

  • Biographie /

  • Contact /

  • More

    E T I E N N E   C L E M E N T

    S t é c k e r

    Alles wéinst der Tuut - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 3 Fraen a 5 Männer

    D' Nicole as eleng, op emol klappt et un der Dir. Era kennt den Noper am Calçon. Hien huet eng Zeitung am Grapp a freet fir kennen ze telephonéieren wäll de Wand seng Dir zougeschloen huet.
    Der Fra hire Mann as e ganz jalousen Kärel.
    D' Tata Emelie déi net gutt héiert an et matt der Discrétioun och net esou genee hellt, kennt grad elo ob Besuch. Natirlech kennt den Noper elo net méi eraus. Zu all deem Schreck taucht och nach en Terrorist bei hinnen op...

    Atom - Drama

    Een zwee Akter. Et spillen 3 Fraen a 9 Männer.

    E Stéck dat iwwert eng Katastroph handelt, déi iwwerall an all Dag passéiere kann. Di Leit zesummebrengt déi  aaner Mennungen hunn an aus verschiddenen Gesellschaftsschichte kommen.

    Wann de Rido opgeet gesäit een eng zerfale Mauer. D' Bühn as rout beliicht. E Mann läit um Buedem an nierwend him e waisse Böndel. Lues kennt hien zou sech...

    D'Bom schléit zou - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 4 Fraen a 4 Männer.

    De Georges Kaiser, e Mann am beschten Alter setzt a sénger Fotell, liest seng Zeitung a femmt sai Klierfchen. Seng Fra dänzelt ronderemm hien. Hatt as opgereegt well seng Mamm anscheinend aus dem Altersheim heemkennt. De Georges wees nach näischt dovunner.
    De Georges huet eng Fal gestallt, fir Spetzbouwen ze fänken déi sech als Immobilienmakler ausginn. Dofir kennt Bom him ongeleeen.

    De Grenz Zwëschefall - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 5 Fraen a 4 Männer.

    De Jemp text a moolt Reklammen. Hien erwaart säi Patron mat engem Klient fir säi neitste Projet viirzestellen; eng Reklamm fir Hondsfudder.
    De Fritz Bonnert, säin Noper, stéiert dee Rendez-vous andeems hien en Mauerduerchbroch mecht an doduerch an dem Jemp seng Wunning kennt. Hien huet festgestallt dass den Architekt sech um Plang geiirt haat, an en Deel vum Jemp sénger Stuff him gehéiert...

    Den Alphonse - Kaméidistéck

    En dräi Akter. Et spillen 3 Fraen a 6 Männer.


    Den Nick an d' Margot wunnen am Haus vun der Tata Marie. Sie hoffen dat Haus eng Kéier ze Ierwen. Duerch en Telegramm gi si vun der Tata gebieden hieren Alphonse e puer Deeg opzehuelen. Déi Zwee mengen elo, d' Tata hätt e Frend a fäerten em d' Ierwschaft. Datt den Alphonse e Papagei as, wessen si net... wéi dunn zoufälleg een Heiratsschwindler mam Numm Alphonse am Duerf optaucht, as eng Verwiesselung virprogramméiert...

    Den indesche Prënz - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 5 Fraen a 4 Männer.

    Fir den Eduard Müller wär d' Liewen jo an der Rei, wann do net säi Brudder Louis aus dem Bing Heem kim.
    Dem Eduard seng Fra as besser situéiert, a wees näischt vun sengem Brudder. Fir net als Null dozestoen, téint hien e Prenz ze kennen. Dee soll op der Rezeptioun obtauchen, déi den Eduard zu Eieren vun sengem Chef, dem Kultur Minister, gett. Säi Brudder kennt him bei deem Plang genau zu paass... oder och net...

    Déi dräi Äishelleg - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 4 Fraen a 5 Männer.

    Dräi Bridder, den Harri, de Pier an de Max si Spetzbouwen déi op der Mamm hier Rent ugewise sinn. Mat hier hu si säit laangem just Bréifkontakt.  Di dräi hun hierer Mamm geschriwwen si wieren Paschtéier a géifen sech fir Hellef an der Welt asetzen. D' Mamm huet beschloss si besichen ze kommen, mee di dräi sin amgaang en décke Coup ze plangen.
    D' Mamm mecht hinnen ongewollt e Strech durch d' Rechnung...

    Et stëppst am Weekendshaischen - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 4 Fraen a 5 Männer.

    E Strummert brecht an e Weekendhaischen an, a grad wéi hie sech etabléiert huet, kennt den Harry mat sengem Kolleg Jang senger Fra...
    Dem Harry seng Fra, d' Alice, well déi Zait ower och mat enger Frendin seng Vakanz do verbrengen. De Jang kennt och dohin.
    Schwieregkeeten si viirprogramméiert.  De Strummert huet all Hänn voll ze dinn dass net ee bei deen aaner kennt. Hien gett sech bei deenen engen als Locataire aus, bei deenen aaneren als Mann vun der Fra an dann och nach als Brudder... et géing baal gutt... wär do net d'Botzfra vun de Weekendhaisercher...

    Eng Kur zu Mondorf - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 5 Fraen a 4 Männer.

    D' Maria an d'Kätti ginn an eng Kur op Mondorf.

    Hir Männer, de Roger an den Nick, géifen hir "Fräiheet" dorops gären esou richteg feieren.  Iwwert eng Annonce léist den Nick zwou Jofferen kommen.
    Zu hirem Schréck kennt dem Roger seng Schwéiermamm de Stoot maachen, a seng Schwester mat hirem Mann géingen him och gären eng Hand upaken... De Roger an den Nick probéieren hiren Besuch an d' Bett ze kréien éier déi zwou hetzeg Jofferen do sinn...

    Leider haten d' Maria an d' Kätti sech mam Rendez-vous geiirt, a kommen nees heem.
    Déi zwou Jofferen sinn och net déi vir waat se vun deenen zwee gehale ginn...

    Eng Laus um Schläifsteen- Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 4 Fraen a 4 Männer.

    De Maurice setzt a senger Stuff an  huet mat allem a jidderengem d' Flemm. Säit hie Wittmann as, wor hien net méi a senger Firma.
    Dofir welle säi Koseng Hugo an deem seng Fra d' Maisy alles maachen, datt de Maurice d' halschend vun der Firma lass gett...Den Hausmeeschter hätt de Maurice gären eraus aus dem Haus, an deem seng Fra huet ower en A ob de Maurice gehait a mecht alles datt hien op si erafällt...

    Wann de Rido opgeet muss de Maurice an enger onheemlecher Schwengerei setzen. Vill Eidel Fläsche leien doremmer. Stremp a Plastiks Tuuten. Am Fernseh leeft en Tennismatch.

    Gutt bedéngt - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 4 Fraen a 5 Männer.

    Den Här Majerus, genannt Ji Pi, as en neiräiche Knéckjang. Seng Fra as iwerdriwwen distinguéiert. Si sichen en neie Butler dee vir eng kleng Pai schaffe kennt an e soignéierte Language schwätzt... Den Henri deen sech ob déi Annonce mellt, as eigentlech net dat gielt vum Ee, mee zesumme mat der Dengschtmod probéiert hien alles an de Greff ze kréien...

    D'Meedche vum Haus as an de Chauffeur veléift... mee d' Mamm hätt gären eppes Besseres vir hirt Meedchen; de Leutnant Petitgrand...
    De Ji Pi kennt a financiel Engpäss an de Butler kritt onerwaard vill Suen...

    Melusina 2000 - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 5 Fraen a 6 Männer.

    De Max Goujon, e Sportfescher huet d' Melusina aus der Uelzecht gefescht... an elo gehéiert hat him... mat Haut a Schuppen!
    Dat ginn allerdings e puer Schwieregkeeten...de Max as bestued. Sai Kolleg de Pier as total begeeschtert a well d' Melusina gären un den Zirkus verkafen.


    D' Seechen vum Siegfried mol eng Kéier aanescht.

    Korpus Delikti - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 4 Fraen a 4 Männer.

    D' Tata Marie fillt sech emmer krank. Huet bal dat Eent bal dat Anert. Well kee Mensch si méi eescht hellt, täuscht si hier Entféierung vir. Dest bréngt allerhand Problemer mat sech!

    Roboflop - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 5 Fraen a 5 Männer
    an 2 oder 4 Statisten.

    Den Albert Engel as een Hobby-Erfinder dee senger Fra mat sengem Gebastels fatzeg ob de Sou geet. Hien baut grad un engem Roboter.
    Säi Meedchen, d' Sonja, géif sech gären mam Jaak bestueden; mee de Professer Zweesteen wär dem Albert léiwer als Edem.

    Wéi dunn de Professer (a wierklechkeet e Geheimagent aus den U.S.A.) optaucht fir de Roboter ze gesinn, as deen zu allem Ongléck verbrannt.
    Mee d'Tata Suss huet alles am Greff, a verkleed de Jaak als Roboter. Dee spillt seng Roll esou gutt, dass och d' Mme Zimmer vum Patent-Amt (a Wierklechkeet eng Russesch Geheimagentin) ganz staark vun der Erfindung begeeschtert as.

    Schufti Mufti - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 4 Fraen a 4 Männer.

    De Fritz Biirewasser as fréizäitech pensionnéiert ginn. Hien huet d' Flemm, wees näischt mat senger Zait unzefänken an geet senger Fra ob d' Nerven.

    Durch Zoufall kritt de Fritz e Buch iwwert Hypnos...

    Steeräich - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 4 Fraen a 6 Männer.

    De Bopi läit am Bett a stellt sech stierweskrank. Am Haus soll hien irgendwou en Diamant verstoppt hun. Seng Famill as gireg,  jiddfereen hätt de Steen gäre fir sech, a beméiht sech, en ze fannen.
    Zesummen matt der Haushälterin Anna, wärt de Bopi deene Geieren d' Zopp versalzen...

    Stroof muss sinn - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 4 Fraen a 4 Männer.

    De Jemp as de Präsident vun der Vereenegung "déi stolz Letzebuerger". Seng Duechter d' Nicole huet e schwaarze Mattbiirger als Frend, wat de Papp net wees.
    D' Jeanni, dem Jemp seng Fra, huet als Hobby dat Okult, do as d' Tata Elise och matt dobäi!
    Déi beschassen Nopesch Trinny mescht sech an alles an.

    Een Ongléck kënnt seelen eleng - Kaméidistéck

    Een dräi Akter. Et spillen 5 Fraen a 5 Männer.

    Et ass am Fréijor , de Pitt Schmitchen setzt an der  Stuff a lauschtert de Radio, séng Fra d'Josette mecht sech fäerdeg, fir matt de Fraen a Mamen an Holland ze fouren fir de Keukenhof  ze besichen.
    Wann d'Fra fort ass, méngt de Pitt hien hätt lo séng Rouh, awer nee, op emol schällt et an erann kënnt sei Bruder Robert, matt sénger neier Frendin der Lady Pei, déi nach emmer matt dem Jacquomo Sprunzo engem Mafiosi bestued ass, déi zwee sin opgereecht, a wellen sech elo beim Pitt verstoppen  an esou gin fir de Pitt dSchierereien lass. De Paschtouer Piepen kennt fäschten fir séng nei Uergel an der Kiirch, an zu allem Ongléck taucht och nach dem Pitt séng Schwéiermamm op a freet fir bei himm ennerdag ze kommen, well hiert Haus verbrand ass, a wéi gesot een Ongléck kënnt selten Eleng well dNopech huet déi gutt Iddie fir dProuf vum Kiirchegesang beim Pitt an der Stuff ofzehaalen.

    Nei 2016 : Den Nopersträit - Kaméidistéck

    Et spille 4 Fraën a 5 Männer

     

    Den Tom Bolla an den Pol Schwarz woren freier gut Kollegen mä seiten se Noper sinn hunn se dauernd Streit, fir all Dommheeten streiden se, mä lo gett et méi schlëmm well et huet een de Pol an der däischtert zerschloen an Himm sei Revolver geholl. Déi zwou Fraen sin am Fong Frëndinnen a verstinn hier Männer net, och ass den Jeff Schwarz an d’Jeanny Bolla sech méi no komm a schwätzen vum bestueden. Zu allem Ierger stierft dem Pol säi Monni an hien ierft daat Haus wou den Tom dra wount.

    Please reload

    © 2017 entertainment.lu

    • w-facebook